No engem wonnerschéinen Trëppeltour ronderem de Stau si mir an dësem klenge Bistrot gelant. D’Iessen ass immens gutt, lokal Produkter ginn mat Léift servéiert. Den Dekor ass aussergewéinlech an d’Musek dréit hiert zur Ambiance bäi. Dofir ass een och bereet e bëssen méi ze bezuelen an mir kommen bestëmmt nach dacks zeréck!
Eng genial Ambiance, dat muss een wirklech gesin hun. Mais wen d´Romy kennt weess och dass schon d´Visite vun sengen Raimlechkeeten all Kéiers een Erliefnis fir d´Sënner as, sierf dat Viichten an der Zäit, Bauschelt oder eben elo Randschelt. Iessen fantastesch, mat vill Léift zum Detail an fir mech ganz wichteg; lokal Produiten ! Jo, dat kascht dann och een klenge Suu méi, mais dofir kritt een och eppes gebueden. Fazit: Place to be :-) Merci dem Romy an senger Equipe, ech freen mech schon op di nächste Kéier ;-)
Wa léif Leit eng gutt Iddi hunn an dës mat vill Asaz an Know-how ëmsetzen, da kënnt dobäi eppes eraus wi de klenge Randschelter Bistrot. Alles at mat vill Léift zoubereet an zervéiert. E bësse Gedold sollt ee matbréngen, mee et gëtt ee méi wéi belount, ausserdem kann ee sech beim Waarden un de Mauere sat liesen. Absolut ze recommandéieren!
An error has occurred! Please try again in a few minutes